Solarcells

Luxembourg

Solarcells ass deen éischte Produzent vu Fotovoltaikpannoen zu Lëtzebuerg mat Standuert zu Hollerech. Eisen Usproch ass et IEC-Normen zertifiéiert Pannoe mat europäesche Komponenten hierzestellen, déi en Ertrag vun iwwer 400 Wc hunn. Eis Produktpalett ëmfaasst eng ‘Performance’ an eng Design (‘Full Black’) Versioun, déi souwuel eis privat wéi professionell Clienten zu Lëtzebuerg bei hirer energeetescher Transitioun ënnerstëtzen.

High-performance
(> 400Wc)

Anti
Reflecktioun

Aluminiums
Kader

25 Joer
Garantie

Co2
Neutral

Fotovoltaik-Léisung

Héichperformant Fotovoltaik-Léisung, made in Luxembourg.

Eis Fotovoltaikpannoen “Made in Luxembourg” gi mat Hëllef vu rezenter Technologie zesummegestallt. Duerch 10BB Mono-Kristallzelle erreechen eis Solarcells Beschtleeschtungen um europäesche Maart. (>400Wc fir een optimaalt an handlecht Format).

Bringing energy home

Pannoe vun hei, fir de Stroum vu muer.

Installatioun

Fir d’Installatioun vun eise Sollarpannoe schafft Solarcells mat lokalen Distributeuren an autoriséierten Installateuren aus Lëtzebuerg zesummen.

Nodeems dir Iech fir Solarcells entscheet hutt

Eis Experten-Team ass do, fir Är Elektrizitéitsbedierfnisser un Hand vun Ärem aktuelle Verbrauch an ären Zukunftspläng ze bewäerten. Doduerch gëtt all Projet individuell berechent. Mir si spezialiséiert op d’Installatioun vu Solarzellen, fir Eenzelpersounen oder och fir Entreprisen.