Fabrikatioun
Fabrikatioun – Solarcells ass spezialiséiert op d’Produktioun vu performante Fotovoltaikpannoe zu Lëtzebuerg. Eis Solarzelle ginn um historesche Site vum Heintz van Landewick zu Hollerech zesummegesat, ganz no um Häerz vun der Stad Lëtzebuerg.
Déi lokal Produktioun garantéiert eng konstant Iwwerwaachung an Traçabilitéit vun de Produiten a Rohmaterialien.
Rumm
D’Rumm ass aus qualitativ héichwäertegem, eloxéierten schwaarzen Aluminium a kombinéiert Robustheet a Resistivitéit mat engem handleche Gewiicht.
Glas
D’Glas ass anti-reflektiv an temperéiert an erhéicht domat d’Robustheet an d’Effizienz.
Verkapselung (EVA)
Mir benotzen exklusiv déi neitste Generatioun u monokristallinem Silikon mat PERC-Technologie a bidden doduerch déi héchsten Effizienz an en niddrege Verloschttaux un.
Zellen
Mir benotzen exklusiv déi neitste Generatioun u monokristallinem Silikon mat PERC-Technologie a bidden doduerch déi héchsten Effizienz an en niddrege Verloschttaux un.
E speziellen Haarz verkleet de ganze Montage a garantéiert eng Liewensdauer vun iwwer 30 Joer.
D’Zellenverbindunge sinn aus verzinntem Koffer, dee mat Sëlwer ugereechert ass.
Verkapselung (EVA)
D’Verkapselung protegéiert d’Solarzellen, bitt Schutz viru Fiichtegkeet a Stéiss, an erhéicht domat d’Leeschtung an d’Liewensdauer vum Panno.
Membran (Tedlar)
D’Membran vum Solarpanno schützt déi bannescht Deeler virun der Ëmwelt, bitt elektresch Isolatioun a strukturelle Support fir Fotovoltaikszellen an dréit zur Liewensdauer vum Panno bäi.
Verdeeler
De Verdeeler, equipéiert mat Bypass-Dioden, optimiséiert d’Leeschtung am Schied. D’Këscht huet entspriechend Kabelen a Verbindungen déi ofgedicht si mat héichqualitativem Silikon fir elektronesch Uwendungen.
Schweessaarbechten
Iwwerpréiwung vun allen Zellen no dem Schweessen
Baacken
Visuell Ënnersichung
virum Baacken
Inspektioun
Visuell Inspektioun um
Enn vun der Produktioun
Spëtzewäert
Miessung
vum Spëtzewäert
Kontroll
Elektrolumineszenz Kontroll