Solarcells

À propos

Solarcells ass deen éischte Produzent vu Fotovoltaikpannoen zu Lëtzebuerg mat Standuert zu Hollerech. Eisen Usproch ass et IEC-Normen zertifiéiert Pannoe mat europäesche Komponenten hierzestellen, déi en Ertrag vun iwwer 400 Wc hunn. Eis Produktpalett ëmfaasst eng ‘Performance’ an eng Design (‘Full Black’) Versioun, déi souwuel eis privat wéi professionell Clienten zu Lëtzebuerg bei hirer energeetescher Transitioun ënnerstëtzen.

Effizient
(> 400Wc)

25 ans
Garantie

Co2
Neutral

Lokal Produktioun

2023 huet Solarcells mat der Hierstellung vu “Made in Luxembourg” Fotovoltaikpannoen um fréiere Site vun Heintz van Landewyck zu Hollerech ugefaangen. Mir hunn an eng nei Produktiounsanlag investéiert, fir kënnen qualitativ héichwäerteg Komponenten zu Lëtzebuerg z’assembléieren.

Solarcells viséiert hir Fotovoltaikpannoen exklusiv zu Lëtzebuerg ze verkafen, a sech als eng héichwäerteg Alternativ zu de méi bëllege Pannoen aus Asie mat engem méi héije Käschtepunkt proWatt ze positionéieren. Eis Firma baut fir d’Distributioun an d’Installatioun vun de Pannoen op lokal Partner.

Fotovoltaik-Léisung

Héichperformant Fotovoltaik-Léisung, made in Luxembourg.

Eis Fotovoltaikpannoen “Made in Luxembourg” gi mat Hëllef vu rezenter Technologie zesummegestallt. Duerch 10BB Mono-Kristallzelle erreechen eis Solarcells Beschtleeschtungen um europäesche Maart. (>400Wc fir een optimaalt an handlecht Format).